Endlech ass en do, de véierte Band aus dem Jean Schoos senger Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“. Mir schreiwen d’Joer 1978: Den Enquêteur Fischbach huet ee besonnesch därege Fall op sengem Schreifdësch. Am Bettener Klouschter gouf et eng Geiselnam, wou zwee ausser Kontroll gerode Bouwe ëm d’Liewe komm sinn. Donieft muss awer och en terroristescht Attentat op d’Veranstaltung vun de Gewerkschafte fir den 1. Mee verhënnert ginn. De Fischbach fënnt a béide Fäll Spuren, déi an déi selwecht Richtung deiten, an d’Richtung vun engem ale Bekannten, deen ouni Skrupel seng perséinlech Ziler verfollegt a géint d’Gendarmerie intrigéiert. Ob dësem Mann dat geléngt, an ob de Fischbach deem Spillchen endgülteg nogëtt, dat gëtt een an dësem Krimi gewuer, dee wéi gewinnt op historesche Fakte baséiert. Dem Jean Schoos seng Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ beweegt sech an de siechzeger, siwwenzeger Joren a behandelt d’Entwécklung vum Enquêteur Fischbach. Um Ufank nach zweete Mann an der Sûreté, ass hien elo zum Kapitän avancéiert a muss sech méi a méi mat administrativen Aarbechte beschäftegen a mat deem, wat derhannert stécht. Et gëllt, d’Gesiicht vun der Gendarmerie am richtege Liicht ze behalen, an dem Fischbach gëtt ëmmer méi bewosst, wat en dofir a Kaf muss huelen.

22.00 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Schoos Jean
Editeur Editions Guy Binsfeld
Site internet http://www.editionsguybinsfeld.lu
Thème Littérature
Sous-thème Roman policier
Langue Luxembourgeois
Parution2019
LocalitéLuxembourg
Support Livre
Format154 x 224 mm
Volume224 pages
ISBN 139789995942540
Livre21.36 € ( 22.00 €)
Edition1re édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres