Littérature

Nom Autosfestival kënnt de Pappefestival. Um Autosfestival gin déi nei Modeller gewisen. Um Pappefestival och. An enger grousser Turnhal sti véierhonnert Pappen, déi gär en neit Kand hätten, a waarden op Kanner, déi gär en nei Papp hätten. Dräi Woche laang däerfen d'Kanner op de Pappefestival kommen a sech en neie Papp eraussichen. Um Autosfestival blénken a blëtzen a fénkelen d'Autoen. Um Pappefestival hun d'Pappe sech extra erausgefiizt. Déi eng hu sech parfüméiert. Déi aner hu sech e fonkelneie Kostüm kaaft. Nach anerer hu sech sou schéi raséiert wéi nach ni. Hir Haut am Gesiicht as sou glat, datt ee flang mat de Lëpsen ausrutsche géif, wann een sou engem Papp géif eng Bees gin.

Détails
Editeur Linster Studios
Site internet http://www.jangli.com
Langue Luxembourgeois
Parution1996
LocalitéFrisange
Support Livre
ISBN 139782919889006
Edition1ère édition
Partager
Code-barres