16.90 €
En stockDe Louis hieft d’Hand, mécht eng Fauscht an zéckt da kuerz, ier hien un dem Simon seng Dier klappt. Jiddweree weess, dass säi Brudder net däerf gestéiert ginn, wann hien Nohëllef gëtt. „Simon.” „Net elo.” Et kléngt net rosen. De Simon seet ëmmer alles genee sou, wéi hien et mengt. A well seng Wierder fir sech schwätzen, brauch hie sech net och nach Méi ze gi mam Tounfall. Haut awer kënnt et dem Louis vir, wéi wann de Simon nach méi hätt wëlle soen, e puer Wierder, déi verluer ginn tëscht dem Bannenzegste vun der Kummer an dem Gank, an deem de Louis steet a lauschtert. „De Panda ass gefall”, seet de Louis. „En huet sech eppes gebrach.” Dann hannendrun, fir sécher ze goen: „Mengen ech.” Wann de Louis mam Simon schwätzt, da fillt hie sech wéi deemools als Kand, wann hie probéiert huet, e Plastiksball vum Buedem opzehiewen an en amplaz dovu mat senge Féiss bei all Versuch e Stéck vun sech ewech gedréckt huet. All Kéiers, wann de Louis sech mat senge 15 Joer haut nach kannereg oder onverstänneg behëlt – an e mécht et ni express, et geschitt einfach esou – da réckelt dee Moment, an deem de Simon hien endlech wäert eescht huelen, och e Stéck méi wäit ewech. Da geet d’Dier op, fir d’éischt nëmmen e Spléck breet. Dem Louis fält direkt op, dass de Simon e bësse manner blatzeg ausgesäit wéi soss, et kéint ee souguer bal behaapten, dass seng Bake liicht rout blénken. De Simon ass deen eenzege 17jähregen, dee vum Léieren eng gesond Gesiichtsfaarf kritt. Et geet him net ëm d’Suen, déi hie mat der Nohëllef verdingt, well souwäit de Louis weess, gëtt hien ni Sue fir eppes aus, an och net ëm d’Freed un der Besserwësserei, mee haaptsächlech dorëm, dass hie wéinstens wärend där hallwer Stonn kee grousse Brudder muss sinn. „Huet hie sech dann elo eppes gebrach oder net?”, freet de Simon. „Op alle Fall jäizt hie wéi um Spiess.” Et wonnert de Louis, dass de Simon dat net héieren huet. Aus der Kummer kënnt lues Musik. Dat ass ongewéinlech, well de Simon ni Musik lauschtert, scho guer net, wann hien Nohëllefsstonne gëtt. „Ech kommen.”
16.90 €
En stockTous les prix incluent la TVA.
En stock.
Ajouter au panier
| Auteur | Muno Claudine |
|---|---|
| Editeur | Op der Lay |
| Site internet | http://www.opderlay.lu |
| Thème | Littérature |
| Sous-thème | Roman |
| Langue | Luxembourgeois |
| Parution | 2019 |
| Localité | Esch-sur-Sûre |
| Support | Livre |
| Format | 11,8 x 18,8 cm - Softcover |
| Volume | 200 pages |
| ISBN 13 | 9782879672373 |
| Livre | 16.41 € ( 16.90 €) |
| Edition | 1re édition |
| Droits d'auteur | Quantité | Destinataires | Tarif | Indexation? | Prix htva | Prix ttc | Panier | |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numérisation intra/extra/internet | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||
| Photocopie n&b | 0.084 € | {{ copyBWExVat}} € | {{ copyBWVat}} € | |||||
| Photocopie couleur | 0.168 € | {{ copyColorExVat}} € | {{ copyColorVat}} € | |||||
| Prêt | 2 € | {{ loanExVat}} € | {{ loanVat}} € | |||||
| Traduction | Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit. | |||||||